Canalblog
Editer l'article Suivre ce blog Administration + Créer mon blog
Publicité
LUXEMBOURG SAILING
LUXEMBOURG SAILING
Publicité
LUXEMBOURG SAILING
Derniers commentaires
4 février 2008

2Deel / 04/02/08 Weltmeschterschaft Australien

terrigal9_r1_c1

De Welter Claude huet an engem Reportage iwer den Europa-Cup Ponant 1995 a senger Iwerschreft geschriwen:

Ce qu'on ne peut jamais prévoir, ce sont les imprévus

An genau esou as et eis Haut alt erem eng keier gang:

Et keint ee mengen dass souwuel meng lescht Saison (Schellerblessur) sou wei och des bis elo vum Pesch verfollegt as. Nodeems ma Geschter de Zodiak futti um Wasser opfonnt hun, en aus dem Wasser geholl hun, am decke Reen dei futtis Stecker ofmonteiert hun, am Internet all Yamaha-concessionnairen erausgesicht hun fir Ersatzstecker opzedreiwen, de Propriétaire vum Charteboot de Moien um 8.00 Auer mam Zodiak op da Remorque bis hanner Sydney an d'Reperatur gefuer as... kruten ma elo d'Äntwert dass se keng Stecker en Stock hun, an dass dei ganz Reperatur eppes iwer 2000 Dollars kaschte waert.

P2030087

Bis dass d'Stecker do sin dauert et 3 Deeg, bis dohin mussen mir eis irgentwei demerdeieren. Main Trainer huet vum franseischen Trainer den Accord sain Motoboot daerfen ze benotzen ausserhalb vun hieren Trainingszaiten, oder mir kennen un hieren Training deelhuelen. Dest gellt fir Muer an Iwermuer.

Fir den eischten Daag vun der Régate solle mir en aanert Boot organiseiert kreien bis dass eist aus da Reperatur erem as...

Hoffen an Daumen drecken as daat enzegt waat mir kenne maan, dass de Garage d'Stecker schnell opgedriwe kritt an hier Leit daat ganzt erem sou seier wei meiglech gangbar gemach kreien.

Publicité
Publicité
Commentaires
Publicité