04/02/08 Weltmeschterschaft Australien
Reen Reen an nach emmer Reen...hoffen dass daat irgentwann ophällt.
Haut de Moien sin mir duerch de Kameidi vum Reen wakrech gin. Wou ech zur Fenster eraus gekuckt hun, hun ech festgestallt dass Null Wand war. Also den idealen Daag fir sech bessen ze erhuelen well Repos as genau sou wichteg wei e gudden Training. Wann een dei zwou Saachen richteg mixt, baut een de Kierper optimal op. Wichteg as net an en Iwertraining ze kommen. Jidereen wees awer och dass mei Repos wei Training een sengem Ziel jedach net mei no kennt.
Doweinst hun ech Haut just en Séance Fitness gema vun gud 2 Stonnen.(Ech kreien et net fäerdech 1 Daag einfach mol naischt ze maan)
Duerno sin mir op de Site gang fir an deem scheinen Gebei hei d'Inscritiounen ze maan. Ech sin och schnell baikomm well an desem Sauwieder keen de Wee bis op de Site fonnt huet.
Sou huet et Haut do ausgesin, iwerall Wasser, Wiss iwerschwemmt...Bulli...
E puer ganz motiveierter dei erausgefuer sin, sin mat gebrachenem Mast eremkomm well ennert dem starke Reen de Wand alt mol schnell kann opfreschen.
Virum Boot lait de gebrachenen Mast. Mam Mast geet et awer net duer well wann deen am Segel brescht rappt en d'Segel mat futti. En tout huet een dann eng Casse fir 790€...
Gud agemummt konnte mir et awer net lossen fir bei Wasser kucken ze goen, an engem oder deem anereren Segelkolleg ze hellefen sai Boot aus de Wellen secher u Land ze kreien.
Duerno hun ech main Segel agepackt an mat an den Hotel bruecht fir do kennen Muer de Moien meng Nationalbuchtawen an d'Segel ze päschen