Canalblog
Editer l'article Suivre ce blog Administration + Créer mon blog
Publicité
LUXEMBOURG SAILING
LUXEMBOURG SAILING
Publicité
LUXEMBOURG SAILING
Derniers commentaires
18 août 2008

18/08 / Leschten Daag, 3 Manchen gesegelt bei weiderhin stiermechen Wandkonditiounen

Haut war den leschten Daag mat weiderhin zolittem Wand...

P8180038

... fir mech leider en schlechten Daag, schon Moies um 7.00Auer wou ech Rideaux'en opgemach hun an gesin hun wei Wandkontitiounen wierem war ech mir bewosst dass an deenen Bedingungen mat mengen nach emmer net 100% fit'en Reck keng Chance hät. Zumols well de Comité de Course 3 Manchen geplangt huet, also 1/3 vun allen Manchen sollten also Haut gefuer gin...

P8180025

... ech hun alles probeiert, hun mech ganz warm ugedoen, souguer ze warm fir dass main Reck sou mann wei meiglech naas ging gin, also permanent warm bleiwt fir net nach zousätzlech Muskelverkrampfungen ze kreien durch Keelt...

P8180026

... mee trotzdem wosst ech dass ech net op dese Wand prépareiert sin, vun Februar un konnt ech weinst mengem Reck net mei am Starkwand traineieren. En plus hun ech iwer 8kg oofgeholl duerch manner intensiven Krafttraining... mee daat sollt jo och fir China kee grousse Probleem stellen, well hei nie Wand as ...

P8180033

... an esou kann daat dann mol emschloen vun engem Daag op deen aaneren. Sait dem 1 August wou mir hei zu Qingdao sin, war nach nie Wand iwer 10Kniet, muss daat dann elo grad um leschten an 2 leschten Daag sin ???

Ech hun main beschte gemach, mee leider haat ech einfach an dese Bedingungen eng vill ze grouss Vitessedifferenz op dei aaner Segeler, dei op meng Reckebeschwerden an mangel un Muskelmasse zereck zefeieren sin.

An allen 3 Manchen dei Haut gefuer gin sin konnt ech perfect Starten. Et waren meng 3 beschte Départ'en vum ganze Championnat, mee kuerz duerno hun ech missen accepteieren dass meng Konkurenten gingen dovun zeihen!

Et as ganz ellen wann een daat gesait an naischt dogeint kann maachen, einfach op Zänn baissen an weider sain bescht gin.

Nemme gudd dass ech main Sonnbrell un haat, sou huet een net gesin dass mir Treinen vun Peng komm sin. E Moment hun ech souguer drun geduecht fir Manche ofzebriechen vun Peng, mee ech kann daat net... as net meng Astellung.

Reischt dei 3 Manche as besser gang well de Wand erem gudd ofgeflaut war an bei 10-13Kniet gesegelt gouf.

Ech hun nach emol op Zänn gebass an probeiert e gudd Resultat ze erzielen, waat mir och bei all mengen Probleemer gudd gelongen as.

Resultat vun Haut:

41 Platz an der 1.Manchen / 41 Platz an der 2.Manche / 33 Platz an der 3.Manche

Domat kommen ech no 9 Manchen, mat de Platzeierungen: 25 , 30 , 31 , 33 , 35 , 35 , 39 , 41 , (41)als Straischresultat leider nemmen op dei 41 Platz am Generalklassement :(

Moyenne vun de 8 Manchen zielenden Manchen get Paltz 33,6, also 34 Platz !!!

Mee well ech zimlech konstant gesegelt sin an meng Manchen permanent sou em dei 30ste Platz lungen, an vill vun deene Segeler dei permanent liecht hannert mir waren, awer an enger Manche eng ganz gudd Platzeierung haaten (15Platz z.B.) bleiwen dann am Generalklassement op e puer Punkten just virun mir :(

41 Platz klengt sou wei wann ech permanent hannen gesegelt wier, waat wierkelch net de Fall war.

Mee leider entsprecht Klassement net menger Leschtung, Moyenne vun de Manchen 33,6 Platz an am Klassement 41 Platz. Daat as wierkelch Schued.

Ech sin ganz zefridden mat menger Leschtung hei op den olympesche Spiller, als eischte Letzebuerger et iwerhapt gepackt ze hun no nemmen 4 Joer Préparatioun de Srong vun Null an Weltélite. An kenger Manche war ech leschten, waat een eigentlech hät missen erwarden well am Worldranking leien ech ongefeier 300Platzen hannert den Top Ten Segeler dei hei alleguer vertrueden sin.

Grousse Merci un all dei, dei mir Daumen gedreckt hun, mech ennerstetz hun an vun Ufank un u mech geglewt hun.

Merci Merci Merci...

P8180039

Weider Photoen vum Rolland Mini op: http://news.rtl.lu/multimedia/gallery/1647/overview/9

Publicité
Publicité
Commentaires
Publicité