Canalblog
Suivre ce blog Administration + Créer mon blog

LUXEMBOURG SAILING

LUXEMBOURG SAILING
Publicité
LUXEMBOURG SAILING
Derniers commentaires
28 mai 2009

JPEE Zypern 2009

JPEE Zypern vum 01.06.2009 - 06.06.2009

Publicité
Publicité
18 septembre 2008

Sorry...

... Ech entschellegen mech direckt am Ufank bei jiderengem deen main Site consulteiert fir all dei Fehler dei op mengem Site stin...

All Daag Owes nom Training kucken ech fir e Puer Photoen mat bessen Text op main BLOG ze setzen, den Internet stiezt oft oof oder lued deelweis Photoen guer net. Oft muss ech bis dass et Online kennt alles 3x fresch lueden, Internet fresch connecteieren... sou dass wann et Online as et oft schon Owes speit as an ech dann net mei dran verbesseren gin mee leiwer an Bett gin a schloofen fir den Daag duerno fitt ze sin :)

Merci fir aert Verständnis

Marc

18 août 2008

18/08 / Leschten Daag, 3 Manchen gesegelt bei weiderhin stiermechen Wandkonditiounen

Haut war den leschten Daag mat weiderhin zolittem Wand...

P8180038

... fir mech leider en schlechten Daag, schon Moies um 7.00Auer wou ech Rideaux'en opgemach hun an gesin hun wei Wandkontitiounen wierem war ech mir bewosst dass an deenen Bedingungen mat mengen nach emmer net 100% fit'en Reck keng Chance hät. Zumols well de Comité de Course 3 Manchen geplangt huet, also 1/3 vun allen Manchen sollten also Haut gefuer gin...

P8180025

... ech hun alles probeiert, hun mech ganz warm ugedoen, souguer ze warm fir dass main Reck sou mann wei meiglech naas ging gin, also permanent warm bleiwt fir net nach zousätzlech Muskelverkrampfungen ze kreien durch Keelt...

P8180026

... mee trotzdem wosst ech dass ech net op dese Wand prépareiert sin, vun Februar un konnt ech weinst mengem Reck net mei am Starkwand traineieren. En plus hun ech iwer 8kg oofgeholl duerch manner intensiven Krafttraining... mee daat sollt jo och fir China kee grousse Probleem stellen, well hei nie Wand as ...

P8180033

... an esou kann daat dann mol emschloen vun engem Daag op deen aaneren. Sait dem 1 August wou mir hei zu Qingdao sin, war nach nie Wand iwer 10Kniet, muss daat dann elo grad um leschten an 2 leschten Daag sin ???

Ech hun main beschte gemach, mee leider haat ech einfach an dese Bedingungen eng vill ze grouss Vitessedifferenz op dei aaner Segeler, dei op meng Reckebeschwerden an mangel un Muskelmasse zereck zefeieren sin.

An allen 3 Manchen dei Haut gefuer gin sin konnt ech perfect Starten. Et waren meng 3 beschte Départ'en vum ganze Championnat, mee kuerz duerno hun ech missen accepteieren dass meng Konkurenten gingen dovun zeihen!

Et as ganz ellen wann een daat gesait an naischt dogeint kann maachen, einfach op Zänn baissen an weider sain bescht gin.

Nemme gudd dass ech main Sonnbrell un haat, sou huet een net gesin dass mir Treinen vun Peng komm sin. E Moment hun ech souguer drun geduecht fir Manche ofzebriechen vun Peng, mee ech kann daat net... as net meng Astellung.

Reischt dei 3 Manche as besser gang well de Wand erem gudd ofgeflaut war an bei 10-13Kniet gesegelt gouf.

Ech hun nach emol op Zänn gebass an probeiert e gudd Resultat ze erzielen, waat mir och bei all mengen Probleemer gudd gelongen as.

Resultat vun Haut:

41 Platz an der 1.Manchen / 41 Platz an der 2.Manche / 33 Platz an der 3.Manche

Domat kommen ech no 9 Manchen, mat de Platzeierungen: 25 , 30 , 31 , 33 , 35 , 35 , 39 , 41 , (41)als Straischresultat leider nemmen op dei 41 Platz am Generalklassement :(

Moyenne vun de 8 Manchen zielenden Manchen get Paltz 33,6, also 34 Platz !!!

Mee well ech zimlech konstant gesegelt sin an meng Manchen permanent sou em dei 30ste Platz lungen, an vill vun deene Segeler dei permanent liecht hannert mir waren, awer an enger Manche eng ganz gudd Platzeierung haaten (15Platz z.B.) bleiwen dann am Generalklassement op e puer Punkten just virun mir :(

41 Platz klengt sou wei wann ech permanent hannen gesegelt wier, waat wierkelch net de Fall war.

Mee leider entsprecht Klassement net menger Leschtung, Moyenne vun de Manchen 33,6 Platz an am Klassement 41 Platz. Daat as wierkelch Schued.

Ech sin ganz zefridden mat menger Leschtung hei op den olympesche Spiller, als eischte Letzebuerger et iwerhapt gepackt ze hun no nemmen 4 Joer Préparatioun de Srong vun Null an Weltélite. An kenger Manche war ech leschten, waat een eigentlech hät missen erwarden well am Worldranking leien ech ongefeier 300Platzen hannert den Top Ten Segeler dei hei alleguer vertrueden sin.

Grousse Merci un all dei, dei mir Daumen gedreckt hun, mech ennerstetz hun an vun Ufank un u mech geglewt hun.

Merci Merci Merci...

P8180039

Weider Photoen vum Rolland Mini op: http://news.rtl.lu/multimedia/gallery/1647/overview/9

18 août 2008

17/08 / Stuerm, Reen an erem just eng Manche gefuer

Wand Wand Wand... mei ech es verdroen am Moment...

Nodeems de Wand hei zu Qingdao sech wärend de leschten 6 Deeg e ganz schlechte Ruff gemach huet, huet en sech Haut gerächt!!!

E kann bloosen, anzwar souguer mei stark wei et mir an dem Comité de Course wuel war!

Reen, Stuerm an 3 Manchen um Programm... an wei ememr just 1 gefuer, mee dei haat et an sech!

Um 10.45 Auer wei all Daag sin ech op Wasser gang fir dann mam Motoboot op Sailing Area geschleeft ze gin. Daat klengt ganz agréabel, mee net bei 25Kniet Wand am Près bei 2 Meter Wellen... uiuiuiui

Et huet esou gereent dass mir keng 100 Meter wait gesin hun. Prèsboje as am Reen ennergang... irgentwou do uewen am Niwel as se verstoppt.

Sou eng Manche sin ech na nie gefuer. 25Kniet Wand, null Siecht, Reendreppsen dei engem an Gesiicht schloen wei wann et Kneppelstäng wieren sou weih deet daat. Kapp hun ech mir bis quasi op Nues an Gesiicht gezunn fir d'Aan kennen opzehaalen.

Permanent sin Booter am Reen verschwonn oder opgetaucht. Bei de Bojen haaten se Motobooter stoen mat Luuten drop, mee souguer dei huet een am intensiven Reen reicht 50 Meter virun der Boje gesin.

Net nemmen ech war iwer Layline erausgesegelt, well ech mech just konnt no mengen Geigener orienteieren.

War eben eng ganz speziell Manche, mee konnt se awer nach op der 35 Platz beenden, waat an deene Bedingungen guer net einfach war.

Photoen ze maan an dessen Bedingungen war onmeiglech, dofir keng Biller vun Haut

16 août 2008

16/08 / Visite vum Grand-Duc zu Qingdao / Wandflaute, just eng Manche gefuer

Haut war ech net alleng um Wasser, opwuel main Trainer jo gespacht gin war fir een Daag vun der Jury

P8160020

Hei Letzebuerger Délegatioun dei mech op Qingdao besichen an ennerstetzen komm as

P8160010

Hei e puer Biller vun der 5ter Manche

P8160012

...Klenge Wand...

P8160013

... Presse war och mat um RDV ...

P8160015

... hei de Passage virun der Ligne d'arrivée ...

P8160018

Nodeems ech als 31ten iwer Ligne gefuer sin, koum op emol eng grouss Motoyacht op mech duer gefuer, vun waitem hun ech de Roude Leiw baussen um Boot erkannt.

P8160027

Sie hun mech ugejubelt an gewonk... an well grad kee Wand war konnt ech bis kuerz bei sie fueren...

P8160028

... an e puer Wuert schwetzen...

P8160031

... dobai haat ech dei grouss Eiher vun eisem Grand-Duc, dem Sportminister, dem President an da Generalsekretairin vum COSL, dem Här Ambassadeur an villen aaneren begreisst ze gin...

P8160030

... leider haat ech nemmen e puer Minuten Zait well dei nächst Manche all Moment konnt ugeschoss gin...

P8160032

No daer ganz sympatescher Begreissung an Ennerstetzung hun ech mech dann och erem schnell Richtung Startligne gemach...

Leider as duerno net mei vill geschitt, no 3 Stonnen warden as dun ofgebloosen gin an mir konnten zereck an den Hafen.

Alt erem an Daag wou mir 6 Stonnen um Wasser waren fir 1 Manche, also 1 Stonn gesegelt ze sin...

Villmols Merci der ganzer Délegatioun dei mech Ennerstetze komm sin, MERCI MERCI MERCI...

Publicité
Publicité
16 août 2008

15/08 / Just eng Manche / Trainer gespaacht

KENNT NACH...

14 août 2008

14/08 / 2.Deel / All Manchen annuleiert weinst Wandflaut

Wou ech virdrun nach voller Hoffnung geschriwen hun: "Wir warden weiderhin op Wand"

P8140079

Daat mussen mir lo net mei, warden op Wand! Net well mir secher sin dass kee Wand mei kennt mee well de Comité de Course all Manchen an allen Bootsklassen fir Haut ofgesoot huet.

Nodeems mir jo vun 11:30-16:15Auer enner Startverschiebung un Land vergeblech geward hun, huet Wettfahrtleitung eng gang anständech Décisioun geholl.

P8140073

Domat fällt elo awer eisen Pausdaag vun Muer aus, an um Programm stin anstatt 2 Manchen elo 3 Manchen an den Départ vun der eischter Manche as em eng Stonn no vir gereckelt gin, also elo um 12:00Auer. Daat hescht dass ech Muer speitstens geint 11:00Auer muss um Wasser sin.

Fir Muer as zimlech vill Wand gemellt, waat mir meng Saach op kee Fall wärt vereinfachen :(

En plus 3 Manchen bei vill Wand...naja wärt main bescht gin. Niewt dem Starkwand mellt Météo och nach vill Reen an eventuell Donnerwiederen.

Voila daat as emol gemellt, wei Bedingungen Muer wärten wierklech sin daat gesin dann.

14 août 2008

14/08 / Retard u Land weinst totaler Wandflaut

Daat wichtegst waat een brauch bei Segelen as: Wasser, e Segelboot an WAND!!!

P8140068

An genau de Wand deen fehlt am Moment nach... nach... mee weilang et wärt daueren bis dann en opfrescht, daat wees keen.

P8140087

Météorologen hun fir Haut ganz schwache Wand gemellt, soudass mir vun Haut de Moien 11.30Auer (5.30 Letz. Zait) enner Startverschiebung sin.

P8140083

Et as erdrecken warm dobaussen mat onheemlech dichten Niwel, soudass ech mech an main klimatiseiert Zemmer verkroch hun fir net schon zevill auszedonsten äer Kompétitiounen ugin, wann se Haut iwerhapt ugin :)

P8140072

sou huet et dobaussen um Mier ausgesin, wa mam Motoboot bis eraus kucken...

Et as schwiereg fir en guden Rythmus ze fannen, wann all Daag emmer erem Horrairen änneren an een nie genau wees weeni et op Wasser geet. Iesszaiten kann een net plangen well een emmer muss disponibel sin wann et lass geet...

P8140074

Um Parking stin Booter alleguer pret fir op Wasser, Segeler och, mee soulang mir enner Startverschiebung sin däerf keen op Wasser

P8140078

Hei as eis Parkplatz... niewend de Schwaizer

P8140081

...an hei as eist Scheld vun der Parkplatz mat eisem "letzebuerger Blummeback mat enger Bänk ronderem" :)

Op allefall warden mir an der Hoffnung dass mir nach kennen op Wasser goen...

13 août 2008

13/08 / Manche N°3 Et war rem e langen Daag...

... et war rem en langen Daag mat nemmen enger Manche, mee enger gudder, ganz gudder Manche... :)

De Moien um 11.30 Auer sin mir op Wasser gang. Mam Trainerboot sin mir bis op Sailing Area geschleeft gin. No 30Minuten duerch den dichten Niwel waren mir och ukomm, mee de Wand nach emmer net:(

Vun 12.15Auer bis 15.00Auer hun mir dun um Wasser dobaussen geward, Zait dout geschlo an da Hoffnung dass Wand ging kommen...

P8120005

No laangem Warden war et dann och souwait. Geint 15.00Auer sin Laser Radial (Fra'en) gestart. Mir waren Haut 2ten Départ. No 2x Rappel Général konnten mir dun proper starten. Ech haat et zimlech gudde Start an duerno as alle gelaaf wei et soll... als 13ten konnt ech em Près Boje goen. Genial Mega Platzeierung...

Mei schweier as et awer fir sou eng Platz ze verteidegen, am Reckewand haatech zimlech Pesch, zuz uer hungen mir op emol an engem Wandlach, vun hannen koum Flotte bai, an zesummen sin mir dun erem weider gefuer. Op da Reckewand's Boje koumen mir zimlech alleguer zesummen un. Schued, meng gud Platz war futsch:(

P8120016

Waat heescht hei gud Platz, war nach emmer op 23 Platz. No nach engem Près, Travers, Reckewand an engem leschten Travers an Arrivée konnt ech als 25ten iwer Ligne d'Arrivée fueren.

Top Resultat, sin ganz zefridden.

De Wand war zum Schluss ganz ofgeflaut an haat och gedreint. De Niwel war rem vill mei dicht gin. Schold dorun war en Donnerwieder un Land, waat an enger secherer Distanz zu eis war mee waat d'Wandflut verursaacht huet.

Geint 17.00Auer waren mir dun erem zereck u Land. Eng zweet Manche wier net mei meiglech gewiecht.

Vun 11.30-17.00Auer um Wasser fir 65Minuten gesegelt ze sin, e langen Daag deen sech awer bei mir gelount huet.

Leien elo am Generalklassement no 3 Manchen op Platz 34/43.

Muer sin erem minimum 2 Manchen

12 août 2008

12/08 / 1. an 2. Manche sin gefuer...

Haut sin dei 2 eischte Manchen gefuer gin.

Bis 12.30 Auer hun mir missen un Land bleiwen weinst Wandflaut, an duerno as et lass gang...

P8120022

...nach e puer Wieder mam Trainer geschwaat virum eischten Départ...

P8120062

...hei as en Départ vun enger Manche, souwait mussen Trainerbooter ewesch bleiwen, fir Photoen ze maan quasi onmeiglech, mee mir sin jo fir ze Segelen hei an net fir Photoen ze maan...

P8120033

...zweschend da 1. an 2. Manche...

P8120026

... daat allerwichtegst as Drenken, Drenken an nach mei Drenken, bei desser Hetzt. D'Sonn dreckt nämlech onheemlech...

P8120037

Dei eischt Manche as ganz gudd gang opwuel ech en mettelmeissegen Start haat, konnt ech permanent Platzen dobaigewannen an hun mech bis an Arrivée op de 30Platz no fir gesegelt.

Dei zweet Manche as gud ugang mat engem gude Start, mee duerno war et schnell eriwer. Taktik an Stratégie sin net sou ganz opgang, am Reckewand konnt ech erem ophuelen an koum dun awer mat 10Booter zesummen op der Boje un. Ech war zimlech wait baussen soudass ech Raum hun missen gin. Duerno hun ech mat nach 5 aaneren Segeler eng Attack op der rechtser Sait gestart (de gross vun der Flotte war op der lenker Sait). Well meng Platzeierung deen Moment net sou gud war haat ech net vill ze verleieren an hun et riskeiert. Leider as des Stratégie net opgang an hun nachemol e puer Platzen missen astiechen. Naja et as den eischten Daag an do muss een eben riskeieren.

Am Reckewand konnt ech rem bessen baikommen bis dass ech onverhofft an en Algenpack gerannt sin, duerch Sonn dei um Wasser gespiggelt huet, huet een Algen net gudd gesin. Bis dass ech Dérive eraushaat fir dass Algen erem lass gin, haat ech awer 5 Meter verluer. Des 5 verlueren Meteren hun mech nach emol 2 Platzeiereungen kascht. Des Manche konnt ech just als 39 ofschleissen.

Am Generalklassement leien ech am Moment op der 37/43 Platz

P8120036

... quasi op all Photo wou ech net an da Régate sin hun ech eng Fläsch am Grapp...

P8120032

... hei main Trainer am Asatz...

P8120050

... de Louis main Kiné an Chef de Mission fir Letzebuerg um Site vun Qingdao, war Haut mat op Wasser, mee leider as de Segelsport, oder Motofueren net sou dem Louis saint :) Schon no kuerzem war et him net mei sou gudd, eischt unzeschen vun Seikrank'heet :)

P8120030

11 août 2008

11/08 / Manche d'entraînement

Haut war de leschten Daag Training, ab Muer get et eecht...

P8110006

... hei beim Boot opriechten, Segelausriechten ...

P8110010

P8110011

... hei sin ech ennerwee op d'Sailing Area...

P8110013

... 1h an 15 Minuten hun ech gebraucht bis dass ech ukomm war...

P8110015

... hei nach e puer Biller, just scheud dass main Trainer sou deck Fangeren huet :)

P8110018

P8110016

... hei am Hannergrond, (ennert dem Fanger) as Bucht vun Qingdao...

P8110017

P8110014

11 août 2008

10/08 / Ceremonie d'ouverture Qingdao

...KENNT NACH...

9 août 2008

08/08 / Ceremonie d'ouverture Peking

Moies um 7.20Auer sin mir mat Bussen vun Qingdao aus dem Olympiaduerf op de Flughafen gefouert gin.

9.30Auer Flieger Peking, Arrivée um 11.00Auer. Mat Bussen as et dun a Richtung Olympiaduerf gang... d'Spannung war grouss.

Am Olympic Village ukomm... einfach nemmen MEGA MEGA... Genial...

P8080040

Hei as enneranerem letzebuerger Delegatioun ennerbruecht (do wou de Roude Leiw an den Roud Waiss Blo'en Fändel hängt)

Vun do aus as et dann mat Bussen Richtung Stadion gang...

P8080043

...Dirk an ech...

P8080042

...de Louis eise Kiné an den Doc. Axel Urhausen...

P8080045

... sou huet de Stadion ausgesin wou mir ukomm sin geint 18.30Auer ...

P8080044

...an esou den Aquadrom...

Ab elo mengen ech brauch ech naischt mei ze schreiwen, einfach just nach Photoen kucken an et geneissen, well mir hun et d'selwecht gemach. Et war einfach onbeschreiwlech, gigantsch, genial ...

P8080047

... permanent...

P8080048

... anescht ...

P8080049

... beliecht.

P8080051

...an esou d'Vullennascht virun der Ouverture...

P8080050

... duech pueren Zoufall hun mir grad eng Photo gemach wou hannert eis fir e puer Sekonnen Freedefeier lass gang as... Chance eben:)

P8080054

Raphael, Dirk, Laurent, Christine

P8080061

De Roger Federer an ech zesummen op enger Photo...!!!

P8080063

Hei eng Photo fir eisen Compagnie's Adjudant: den 1.Soldat Chef Bockel an den 1.Soldat Chef Schmit am chineseschen "garde à vous" :)

P8080064

P8080065

P8080070

P8080067

P8080072

P8080073

P8080077

... hei sin mir kuerz aer mir an de Stadion anmarcheiert sin ...

P8080081

P8080115

... ech mam Louis, mengem Kiné ...

P8080125

... de Kevin Lim (Segeler), ech , Alp (Segeltrainer vum MAS), main Trainer ...

Mee jidereen deen Eröffnungsfeier gesin huet, kann novollzeihen wei mir eis gefillt hun... dofir as et net neideg nach Photoen ze publizeieren:)

7 août 2008

07/08 / Training left no Plang bis dass...

Haut war sou en tüppegen Qingdao Daach, Sonn, kloeren Himmel an kee Wand. Trotzdem wollten mir eis un Zaiten vun der Compétitioun haalen an sin um 12.30Auer erausgefuer. Mat segelen as et net vill gin, fir iwerhabt mat Zaiten op der Sainingarea unzekommen hun mir alleguer missen dohinner geschleeft gin.

P8070012

... a lass, e langt Seel ronderem de Mast vu mengem Laser an hannen un Motoboot an dann: GO GO GO...

P8070014

Well normalt remorqueieren awer zimlech langweileg as, spillen ech gaeren an de Wellen hannert dem Zodiak

P8070015

... dofir muss en just iwer Well kommen an dann emmer schein proper op da Well bleiwen, surfen eigentlech...

P8070017

... nach just hannert der Well, mee glaisch...

P8070016

...genau sou, an elo emmer schein drop bleiwen...

P8070018

...a keng Domheeten maan well Trainerboot as schnell ennerwee...

P8070020

...liecht ooffaalen, an dann erem unluven...

P8070022

... sou as et Tip Top...

P8070023

... ullaalaa, do gesait een souguer Dérive dei ausdem Wasser kennt...

P8070026

... an daat ganzt bei null Wand wei een hei schein op da Photo kann gesin. Also fir Wellreiden brach een net emmer decke Wand a Wellen, mee en Motoboot geet heinsto schon duer:)

Mee e Motoboot wou de Motor geet...! Hei op de Photoen as en nach gang mee duerno wollt deen net mei. En aaneren Trainer huet mech mat weider geschleeft, an main Trainer huet och vun engem aaneren Trainerboot missen ofgeschleeft gin. Mir hun direckt den Här Bao iwer eis NOC Assistentinen probeiert ze kontakteieren fir dass heen sain Boot soll flicken, mee eis 2 Assistentinen hun dun mol einfach den Händy ausgeschallt:(

Also wosste mir bis lo kuerz 19.00 Auer Owes net waat lass wier, op Motoboot ging geflickt gin, op den Här Bao och kontakteiert gin wier oder net...

Naja alles net sou schlemm well Muer fleien main Trainer an ech jo op Peking op Eröffnungsfeier, soudass Reparatur roueg Muer de ganzen Daag kann daueren.

Den Här Bao huet eis awer konfirmeiert dass MotoBoot muer awer erem ging funktionneieren. Tip Top, sou soll daat sin.

 

6 août 2008

06/08 / Niwel Niwel, erdreckend warm a weineg Wand

Hei nach eng Photo dei virun 2 Deeg geholl gin as. Mat desem Här muss een sech gudd haalen wann een keng Probleemer well kreien wärend der Compétitioun. Heen as de Chef Jaugeur deen eis Booter vermoost, virun der Compétitioun sou wei och um Wasser kuerz virum oder nom Start. En plus kuckt heen ganz genau hin wann et em d'Ersetzen vun futtis'em Material geet.

CIMG0918

Wou ech Haut de Moien Rideau'en opgemach hun, an zur Fenster eraus gekuckt hun, hun ech gemangt ech wier am Wanterspocht an alles wier zougeschneit. Alles wais, wais vun Niwel. Ech hun main Zemmer um 9ten Stack an ech hun Haptstroos mol net gesin dei 30Meter ennert mir as. Alles wais, Heischhaiser, Mier naischt war ze gesin.

Naja et sin jo nach e puer Stonnen bis ech op Wasser gin, bis dohin wärt et jo rem kloer sin... hoffentlech:)

Geint 12 Auer waren um Mier 60Meter siicht, daat as quasi guer naischt fir ouni GPS an just mat Kompass ze Segelen. Daumen drecken an ofwarden eben... d'Sonn wärt de Niwel schon nach kleng kreien...

Bis dass et awer souwait war, war et erdreckend warm u Land, kee Wand an eng onwarscheinlech Fiechtechkeet. Mam T-Shirt un war et net auszehaalen.

Geint 13.00 Auer haat Sonn hieren Job gemach an et war schon rem zimlech kloer. Mir sin op Wasser gang an geint 13.30 Auer war baal keen Niwel mei zegesin a mir haaten eng kloer Siicht.

P8060002

...de Niwel as fort an waat schwemmt dann do am Wasser... Algen...an nach Algen... oh nee d'Algen sin awer nach emmer net ganz besaitegt.

Dei lescht Deeg hun ech keng eng Alge gesin well Streimung vum Land op Mier gang as, Haut geint Metteg war et genau emgedreint. Streimung vum Mier op Land huet dei ganz Iwerrechter vun der Algenploh erem ugespullt.

Oft hun ech missen decken Algenpitsch auswaischen fir dass se net an der Dérive hänke bleiwen.

CIMG0926

Zesummen mam JB Bernaze hun ech de Metten traineiert

Duerno hun mir eis un de Gruppentraining ugeschloss

P8060005

Des net ganz scharf Photo gesait no engem riesen Chaos aus, mee as préparatioun op en Départ vun denger Manche wou Streimung vun hannen dreckt...

...Streimung as sou stark dass wann een mat oppenen Segelen op da Ligne steet dass een mat 1/2 Meter pro Sekonn iwer Ligne de départ gedreckt get

P8060007

Hei gesait ee kloer dass Comité'sboot waat um Anker hänkt (den Anker as op der lenker Sait, beim Bug vum Boot) entgeintgesaat dem Wand steet, sou stark as Streimung. D'Fändelen an Comité'sboot stin entgeintgesaat!

Nach 3 Sekonnen bis zum Stark an de gros vun de Booter as schon iwer Ligne...

P8060008

... nach 1 Sekonn, ganz flott as schon quasi gestart well Streimung se iwer Ligne gedreckt huet. Daat do get en Rappel Général. Mee bon well et souwiesou just eng inoffiziell Test Manche as fiert keen zereck...

P8060010

...an sou sin Booter och uewen bei der Prèsboje ukomm, dei als eischt fortkomm sin, egal op Freistart oder net sin och uewen als eischt em Boje. Natierlech as daat hei net richteg, mee alleng fir Speedtester ze maan, an Taktik as et Tip Top, et befennt een sech an enger Positioun wou een lauter Booter virun sech huet an aus dem Ofwand muss eraus an awer probeieren en proper Taktik unzewenden, an un senger Stratégie festzehaalen.

Voila an no 2 Manchen hun ech, mir, erem missen zereck an den Hafen kommen, an daat dauert och nach eng keier 2 Stonnen fir am Reckewand geint Streimung ze segelen. Mee dofir hun mir jo eis Traineren mam Motoboot. E langt Seel ronderem de Mast vu mengem Laser an hannen un Motoboot gestreckt, an lass geet et. 45Minuten mei speit war ech dun och u Land.

6 août 2008

05/08 / Motoboot geflickt a lo get rem traineiert

Leider hun ech vun Haut keng Photoen well ech vergies haat mengem Trainer den Photoapparat mat ze gin. Ja Ja sou as daat, et muss een un alles selwer denken:)

Hei en flotten Artikel deen Tageblatt geschriwen huet, e klenge Resumé vun deenen leschten Deeg:

Vill Spass bei liesen:

tageblatt_1

Haut de Metten war Motoboot geflickt, an et huet och keng Loft mei verluer.

Mettes hun mir rem en groupe traineiert, war ganz interessant, Wandbedingungen waren Tip Top waat een nach lang net emmer hei zu Qingdao kann behapten.

Eigentlech deen eischten Daag wou ech mech als Sportler fillen an net als Team manager :)

Bis Muer

5 août 2008

04/08 / Training an Coachboot erem futti...

Den Daag huet gud ugefang an gud opgehaal, mee dozweschen war et stresseg, streiderech, onlogesch an gang komplizeiert...

P8040131

Bis heihin war nach alles OK, ech hun Moies normal Kaffi gedronk, main Boot prett gema, meng Saachen all gemach kritt an nom Mettegiessen 12.30 Auer war ech ferdech fir op Wasser ze goen, wann dem Motoboot(Wuertwierklech) net Loft ausgang wier....

P8040116

Sou huet de Zodiak ausgesin virum Training, wou en an da Sonn stung an main Trainer en just opgepompelt haat. Sou schnell wei heen konnt Loftkessen oppompelen as Loft zu de Lächer erem entwutscht. 5Minuten mei speit war ganz Nues platt, ouni Loft an och dei ganz rechts Saits. Onmeiglech sou ze traineieren.

Trotzdem huet et awer irgentwei missen goen, also mat manner oder besser gesoot guer kenger Loft an de Loftkessen. Pompel war mengem Trainer sain beschten Kolleg deen Daag!

Leider hun ech keng Photo wei Boot nom Training ausgesin huet:(

P8040118

...um Wasser hun mir eis zu puer regruppeiert an zesummen traineiert...

mee Départ'en huelen ouni Segelauer as komplizeiert (meng Segelauer as an menger Valise futti gang vun Letz-Qingdao an hei um Site kreien ech keng Ronstan fir un de Mast ze hänken)

Kee Probleem, meng Ersatzauer as zu Peking, an ab dem 8August hun ech alles waat ech brauch fir Top départ'en ze huelen:)

P8040121

...Portugal...Norwegen...Letzebuerg...Brasilien (as verstoppt hannert dem Segel vun NOR), mir 4 hun e ganzen Metten laang zesummen traineiert...

P8040124

... bis kee Wand mei war, an ech wei dei aaner och frou sin dass eise Coach eis dann zereck an den Hafen remorqueiert...

P8040125

... daat hei as nach dei aggreabelsten Possitioun iwer dem Remorquage...

P8040128

Nodeems ech main Boot ofgewäsch haat muss et drechnen äer ech et kann ofriechten an Segel oprullen. Mee daat war de klengsten Probleem, vill mei hun mir missen kucken dass mir eisen Zodiak geflickt kreien.

Probleem N°1: den Locataire well et flicken mee heen huet keng Accreditatioun fir op de Site

Probleem N°2: Ausserhalb vum Site keint heen et flicken mee et as sou futti dass mir net mei konnten aus dem Site mam Boot erausfueren, well guer keng Loft mei dran bliwen as.

Probleem N°3: en Accreditatiounscart fir den Locataire ze kreien dass heen an de Site kann eran fir eist Boot ze flicken as onmeiglech, dei kreichen mir niemols autoriseiert soot de Chef vun der Secherheet vum Site.

Vun Nomettes 4 Auer bis Owes 8Auer huet et gedauert ouni dass ech irgenteen mir konnt oder wollt hellefen.

Ech hun den Organisateur gefroot waat solle mir dann lo machen? Sie hun mir geänntwert naischt oder et selwer flicken, mee den Locateur kennt net an de Site eran. "Mee mir kommen jo awer och net mam Boot eraus aus dem Site" soot ech! Ja me daat sin eben Secherheetsvirschreften! Voila

Ech hun Owes um 8.30Auer dem Heinz Thews op Peking ugeruff an heen informeiert iwer eise Probleem, wou et keen eng Leisung huet.

Nodeems den Heinz Thews seng Relatiounen spillen geloos huet an dei richteg Diplomaten op eise Probleem lass geloos huet, koum innerhalb vun 30Minuten eng Leisung, an zwar:

Den Locataire vum Boot kritt eng Accreditatioun fir op de Site fir Boot ze repareieren!!! Voila, wiesou dann net direckt? Wiesou daat as dei Fro dei een sech hei an China net däerf stellen well wann een gäeren dorober eng Antwert hät, kann lang warden, ganz lang, ganz ganz lang... Regelen sin eben Regelen, Gesetz as Gesetz. NEE as NEE, och wann bei eis an Europa aus engem NEE no langem diskuteieren, en EVENTUELL oder souguer en JA OK kann entstoen, hei a China as NEE eben NEE.

Hei as eben emmer eng lass, keen Daag ouni Diskutiounen an Imprévu'en....

5 août 2008

03/08 / Jauge Laser an Coachboot siche goen

Haut de Moien hun ech main Laser jaugeiert, am klimatiseierten Zelt gouf all Boot op genau ausgemoos, iwerall Stickeren drop gepäscht wann et conform as. Nodeem all nach sou klengen Détail ofgecheckt war huet Boot missen opgeriecht gin. Komplett opgeriecht guffen Photoen gemach vun den Iwersetzungen... fir dass duerno naischt mei kann ausgewiesselt gin.

P8030080

Wou ech Jauge hannert mir haat sin ech zesummen mat mengem Trainer an eisen 2 NOC Assistentinen vun eisem Chauffeur op deen Site gefuer wou mir Motoboot sollen kreien.

P8030086

Iwerall an Qingdao gesait een sou Plakater mat dem Logo vun de Spiller, mat Segelbooter...

Fir vum Olympiaduerf aus hun mir 20Minuten mam Auto gebraucht bis dass mir beim Locataire vum Motoboot ukomm sin. Mir sin an irgentsou een Hannerhaff eran gefuer, et huet ausgesin wei op enger Schrottplatz, nee eierlech gesoot schlemmer!

Do stungen dann och 2 Motobooter, 1 am Wasser an 1 un Land wou awer keng Loft an den Loftkessen war. Allen 2 waren et aal Motobooter, mat engem 85PS Yamaha 2Takt Motor, eppes ganz ganz aales.... :(((

Nodeems mir nach emol iwer de Prais geschwaat hun an eis kloer waren soot den Händler en weilt niewend den 4180€ Locatioun och nach 1000€ damage deposit!

Sorry Monsieur Bao, mee daat stung net am Kontrakt soot ech him. Daat wier him egal ouni 1000€ Cautioun ging heen kee Boot verlounen.

A wou soll ech dann elo einfach sou 1000€ erbai zauberen? Nee vergies et, nix Cautioun wann naischt am Kontrakt stung dovun kritt heen och naischt...

(Des Diskutioun huet 1 1/2 Stonn gedauert, heen huet keen Englesch a kee Franseisch verstaan, de Kontrakt as op Englesch an eis Iwersetzerinnen schwetzen just Franseisch an Chinesesch. Also hun ech den Kontrakt vun Englesch op Franseisch iwersaat, eis Iweretzerinnen vun Franseisch op Chinesesch... an dann sou hin an hier)

P8030088

Iwer des verraschten Leeder sin mir erofgeklomm, iwer Stäng op en klengen Ponton deen aus aalen verraschten Ueleschfässer improviseiert war... et däerf een keng Angscht, d'Aan zou an duerch...

P8030091

... Eis Assistentinen hun sech net getraut eroof, mee et war keng aaner Leisung fir erem zereck an Olympiaduerf. De Chauffeur huet eis erausgeloos an well et ze lang gedauert huet eis Diskutioun as heen mol einfach fort gefuer, also hun mir alleguer missen mam Motoboot zereck fueren...

P8030093

... hei den Här Bao um Steier vun sengem genial gudden an zouverlässegen Motoboot...

P8030096

... hei erem den Här Bao, net mei beim Steier mee elo schon beim Moto well deen no 10Minuten wou mir ennerwee waren en Panne gefall as...

P8030100

... kee Probleem heen huet alles enner Kontroll... daat gleewen him awer och nemmen Chinesen, no 5 Minuten um Motor ronderem gepiddelt as nach emmer naischt mei gang wei virdrun. Just am Ralenti sin mir dann erem zereck gefuer vun do wou mir koumen...mir gingen elo en aanert Boot kreien... genial... no 30Minuten waren mir dann och erem op senger Schrottplatz ukomm an hun Motoboot gewiesselt. Mir kruuten daat Boot waat virdrun nach repareiert gin war, an wou keng Loft an de Loftkessen war. Hoffentlech hällt dest Boot alt mei wei 10Minuten.

P8030109P8030110

Nodeems mir de ganzen Metten um Motoboot verbruecht hun koumen mir dann och am speiden Nometten zu Qingdao am Olympiaduerf un.

Et as mir dun net mei vill Zait bliwen fir ze traineieren well de Wand schon baal gang ofgeflaut war.

Alt erem en genialen Daag mat lauter Imprévu'en...

Et kann nemmen nach besser goen:)

5 août 2008

02/08 / Wou bleiwt main Gepäck...

...RING RING RING... nach keng 7 Stonnen geschloof an schon schellt main Händy, ganz verschloofen hiewen ech op an heieren meng NOC Assistentin: "MARC, IL Y'A UN PROBLEME...." (sou fängt all Telephonsgespreisch un waat ech kreien...)

An schon rem Pabeieren ennerschreiwe goen, an organiseieren wei an weeni mir Motoboot kenne kreien. Natierlech waren do och erem lauter Probleemer, mir sollten Motoboot den 3.August am Hafen vum Olympiaduerf kreien, mee ging daat awer ent goen an mir missten et siche goen.

P8020031

Als eischt sin ech main Charter Laser siche gang... alles och net sou einfach... als eischt muss een bei den Chef Jaugeur goen deen Accreditatioun kontrolleiert, dann kritt een eng Nummer mat däer een bei klimatiseiert Zelt geet wou Laseren stin.

Do sicht een dann mol de Responsabelen deen nie so as, entweder Iessen as, kuerz fort, op allefall wees keen wou en as.

P8020028

Ech haat main Boot schon lang fonnt, mee Masten, Dérive...an de ganze recht muss ech jo och nach kreien. No enger 35 Minuten war de Responsabelen dann do an huet eis Masten, Bôme an Dérive a Safran gin.

P8020032P8020033

Hei leien fillt een sech als Segeler wei am Paradis,  iwerall fusch neit Segelmaterial, Keschte weis... MEGA

Lo wou ech main ganzt Material zesummen haat konnt ech net einfach sou goen, ah nee, elo huet missen den Chef Jaugeur kommen an erem kontrolleieren dass ech daat richtegt Material hun. Heen huet iwerall seng Ennerschreft drop gema, op Mast, Coque, Bôme, Dérive...alles. Daat war just den Ufank well Muer muss ech mat mengem Boot an dei Richteg Kontroll, wou gang Boot vermoos get, an niewend seng Ennerschreft och nach den neidegen Stempel kennt... zimlech komplex dei ganz Saach...:)

P8020034

Nodeems ech main Laser haat as et rem weider gang mam Gepäck, waat nach ememr um Flughafen hung, an waat einfach de Wee vun Peking net op Qingdao wollt fannen. Daat alles weinst enger Spraydous Siliconspray...

Ech hun missen uruffen, Fax'en schecken, den Heinz Thews uruffen deen iwer Peking de Flughafen och kontakteiert huet. Mei wei 3 Leit hun missen all hallef Stonn op de Flughafen ugeruff bis dass dei main Gepäck duech den Securitycheck duerchgeloos hun.

Owes speit as meng Valise dann dun och ukomm, an souguer mam Siliconspray!!! Bis elo hun ech nach net verstaan wou de Probleem war, as oder soll gewiecht sin, wiesou mir permanent hun missen uruffen, Fax'en, Pabeieren ennerschreiwen fir dass sie Recht hun meng Valise opzemaan, dass Sie Recht hun de Siliconspray eraus zehuelen.... an dann kennt meng Valise no 2 Deeg entlech zu Qingdao un, an dann as de Siliconspray awer dran. Wou war dann lo do de Probleem? Naja hei as eben alles ganz komplizeiert, waat ech an de kommenden Deeg nach vill mei gemierkt hun.

3 août 2008

31/07-01/08 / Rees op Olympesch Spiller

Pekin

Donneschtes Mettes um 15.10Auer huet main Flieger ofgehuewen a Richtung Parais. Vun Parais aus sin ech zesummen mat mengem Trainer weider op Peking geflunn. Fir secher ze sin dass meng Valisen zu Parais um Flughafen net gingen hänke bleiwen hun ech main Gepäck recupereiert an erem fresch agecheckt. Zu Parais sooten se eis mir keinten Valisen zu Peking net raushuelen, sie missten se direckt weider op Qingdao schecken, daat wier net anescht meiglech laut Computer... Naja wann daat alt soll stemmen. Mee bon sie wärten et jo secher wessen.

Beim anchecken koum schon deen eischten imprévu... op menger Accreditatiounscard fir dei olympesch Spiller, dei och als Visa gellt steet eng falsch Passportnummer. Madame um Flughafen soot: Monsieur vous n'avez pas de VISA! Uppps an wei as daat da meiglech? Well ech awer nach eng gültegen China Visa um Passport hun konnt anchecken...

P8010001

10 Stonnen Flieger as définitiv naisch fir mech... me glaisch sin mir ukomm. Zu Peking geland stungen schon lauter NOC Assistentinen an da Reih eis ze begreissen. Trotzdem hun mir op eist Gep àck geward, et wees een jo nie... nodeems mir 5 Minuten deo stungen an eist Gepäck net erauskomm as war fir mech kloer: OK deen Här zu Parais haat recht, Gepäck kennt direckt op Qingdao.

2 Stonnen mei speit an 2 Terminalen mei wait sin mir dun vun Peking aus op Qingdao geflunn.

P8010008

Wei och zu Peking am Flughafen waren zu Qingdao iwerall Fändelen, Posteren, Affichen... vun der Olympiad

Opwuel de Flughafen schein farwesch as wollten mir sou schnell wei meiglech an Olympiaduerf...mee nee... eis Gepäck...wou bleiwt et dann... 5 Minuten...10Minuten...Fliesband gouf gestoppt an eis Gepäck, Segelmaterial... naischt vun all deem war ukomm.

An elo dei selwecht Prozedur wei an Australien op da WM wou och kee Gepäcksteck ukomm war.

Eenzegen ennerscheed as dass an China keen e Wuert Englesch versteet, 3 Iwersetzer an 45Minuten waren meiglech fir um Flughafen ze erklären dass 4 Valisen fehlen!

P8010011

Mat enger Police-escorte virum Sportlerbus sin mir dun vum Flughafen an Olympiaduerf gefoueret gin. Egal op eng roud Luut, Fousgänger um Zebrastraifen...jidereen huet missen waischen! Mir hun eis oft d'Aan zougehaal well als Geisterfahrer op enger 4-pisteger Schnellstroos hun mir eis net sou besonneg wuel gefillt.

P8010015

Zu Qingdao ukomm hun mir eis Accreditatiounskart missen aktiveieren goen. Natierlech as do schon den nächste Probleem op mech duer komm. Meng Passportnummer war net identesch...

Nodeems ech honnertdausend Pabeieren ausgefellt hun fir och ze bestätegen dass ech Ech Marc Schmit den Segeler Marc Schmit sin deen fir letzebuerg un de Start geet.

P8010016

...300 honnert Kopien hun se gemach vun menger Cart, mengem Passport, vun mir, Carte d'identité... bis dass mir no iwer enger Stonn konnte weider treppelen an den Check fir an Olympiaduerf eran ze kommen.

P8020061

Sou gesait de Gate nummer 2 aus, vun bannen no baussen photogafeiert. En Sercuritycheck wei um Flughafen mat Scanner, Metalldetektor...

Wou mir do bis duerch waren, as zimlech schnell gang well mir jo kee Gepäck haaten... as et weider gang mat Pabeieren ausfellen, Ennerschreiwen bis Owes speit wou mir an eis Zemmeren koumen.

Um 11.30Auer Owes sin dun och 3 Gepäckstecker ukomm, ech sin se virun de Gate2 siche gang. Natierlech waren mech erem net doabi, me just mengem Trainer seng.

Naja an zweschzait war ech schon 32 an eng hallef Stonn op de Been a war frou wou ech och konnt schloofe goen.

Publicité
Publicité
1 2 3 > >>
Publicité