Canalblog
Editer l'article Suivre ce blog Administration + Créer mon blog
Publicité
LUXEMBOURG SAILING
LUXEMBOURG SAILING
Publicité
LUXEMBOURG SAILING
Derniers commentaires
27 janvier 2008

Stage Hourtin (29-31Okt.07)

Mol keng Woch nom Champ. de Med. sin ech schon rem mam Boot ennerwee. Des Keier huet Equipe de France alleguer Pôle Voile'n zesummen geruff fir e collectiven Training ze maan an hun Letzebuerg an Schwaiz an Monaco och erem mat inviteiert.

Esou en Training daerf een net verpassen.

Moies eng Trainingsséance an Mettes och rem eng, perfect fir vill Stonnen um Wasser ze verbrengen. Temperaturen hun net sou ganz matgespillt sou dass et oft em dei 0°C waren wann mir moies sollten Boot an Wasser lossen.

Am Ufank as et engem nach kaal, mee duerno spiert een et net mei. Souwiesou et as jiderengem kaal, also sin mir alleguer glaisch benohdeelegt. Eent wees ech nach ganz genau, mir waren emmer frou wei e Geck wann e klengen Sonnestrahl erauskomm as deen eis alt e bessi opgewiermt huet.(op daat nemmen eng illusioun war oda net, ech wees et net mee mir haaten mol dei impressioun:)

Owes wann mir vum Wasser komm sin, huet jidereen ganz schnell gema, et war nämlech schon daischter an jidereen wollt nemmen nach an eng warm Dusch. Well 3 Deeg firun der Régate schon iwer 100 Laseren Daag deeglech um Wasser waren fir ze traineieren, an de gros nomettes emmer mei frei u Land gang sin, war warscheinlechkeet op e puer Dreppsen warmt Wasser aus der Dusch quasi onmeiglech.

Meng Segelkollegen waren alleguer an Hotel'er oder Appartementer ennerbruecht, ech war jedach um Camping niewend dem Clubhaus. Weder am Clubhaus nach um Camping konnt ech war duschen, soudass ech wärend 4 Deeg bei 0°C am frai'en mech mat tempereiertem Wasser hun missen duschen.

Naja, daat hun ech och nach iwerliewt.

Den Training war weiderhin TipTop. De leschten Daag as et dun geschitt, beim Départ hun ech mai Boot missen ofbremsen an hun meng Bôme no vir gedreckt, de Moment sin ech mat mengem rechte Fous ausgerutscht. Ech sin gefall mam Bauch op Coque vum Boot an main Arm as un der Bôme hänke bliwen. Dobai as Scheller ausgerängt, dei ech awer dun direckt erem agerängt krut. Et huet net besonneg we4ih gedoen sou dass ech weider gefuer sin. 5 Minuten mei speit as awer dun guer naischt mei gang an ech hun missen opgin.

Owes sin mir mat da Camionette vum COYCH an Aptikt gefuer Medikamenter kaafen, Verbänn, Gell... alles daat waat den Dr. Urhausen mir per Telephon gesoot huet. Ech hun den arm roueg gestallt an gehofft et ging den Daag duerno besser goen.

An da Nuecht hun ech net vill geschloof, duerch d'Peng a moies war et anch vill schlemmer, soudass ech Segelkollegen gefroot hun fir mir main Laser oofzeriechten, en anzepacken an en op den Daag vum Camper kenne lueden. Ech hun mech fäerdech gema an op de Wee gema fir Heem. Moies no 13 Stonnen fueren sin ech zu Letz. ukomm. Kuerz anescht ugedoen an dun direckt an Klinik.

Publicité
Publicité
Commentaires
Publicité