14 août 2008
14/08 / Retard u Land weinst totaler Wandflaut
Daat wichtegst waat een brauch bei Segelen as: Wasser, e Segelboot an WAND!!!
An genau de Wand deen fehlt am Moment nach... nach... mee weilang et wärt daueren bis dann en opfrescht, daat wees keen.
Météorologen hun fir Haut ganz schwache Wand gemellt, soudass mir vun Haut de Moien 11.30Auer (5.30 Letz. Zait) enner Startverschiebung sin.
Et as erdrecken warm dobaussen mat onheemlech dichten Niwel, soudass ech mech an main klimatiseiert Zemmer verkroch hun fir net schon zevill auszedonsten äer Kompétitiounen ugin, wann se Haut iwerhapt ugin :)
sou huet et dobaussen um Mier ausgesin, wa mam Motoboot bis eraus kucken...
Et as schwiereg fir en guden Rythmus ze fannen, wann all Daag emmer erem Horrairen änneren an een nie genau wees weeni et op Wasser geet. Iesszaiten kann een net plangen well een emmer muss disponibel sin wann et lass geet...
Um Parking stin Booter alleguer pret fir op Wasser, Segeler och, mee soulang mir enner Startverschiebung sin däerf keen op Wasser
Hei as eis Parkplatz... niewend de Schwaizer
...an hei as eist Scheld vun der Parkplatz mat eisem "letzebuerger Blummeback mat enger Bänk ronderem" :)
Op allefall warden mir an der Hoffnung dass mir nach kennen op Wasser goen...
Commentaires
Totaaaaaaaal Félicitatiounen :-) !
Salut Marc :-) ,
Waaaaaaaaow! Du mëss dat Alles jo esou eppes vu supergenialgutt :-) !!! Megaméissegste Felicitatiounen un Dech :-) !
Weess zwar net ob s De Dech nach u mech erënnere kanns, mä hat Dech op der 11e am Franséischen als Schüler :o) . Laang ass et hier an ech sinn immens frou datt s Du Däi léiwsten Hobby kanns elo haaptberufflech maachen an datt s De och nach esou gutt dra bass :-) !!! An an Dengem Wiesen huet sech jo anscheinend och näischt geännert well s De nach grad esou sympathesch wéi deemols bass :-) !!!
Muss och soen dat ech dese Blog ganz flott fannen :-) ! Du hues esou eng Energie a bass mat esou vill Begeeschterung derbäi, et ass ee Genoss :-) !
Nach weiderhin eng fantastesch Zäit zu Beijing, mat Tonne Gléck an nach vill Spass :-) !
Weider esou, ech gleewen un Dech... mat bestëmmt nach ganz villen anere Leit :-) !
Linda
Poster un commentaire
Rétroliens
URL pour faire un rétrolien vers ce message :
http://www.canalblog.com/cf/fe/tb/?bid=343786&pid=10231014
Liens vers des weblogs qui référencent ce message :












