Canalblog
Editer l'article Suivre ce blog Administration + Créer mon blog
Publicité
LUXEMBOURG SAILING
LUXEMBOURG SAILING
Publicité
LUXEMBOURG SAILING
Derniers commentaires
24 juillet 2008

Stage Hyères ( 21-25.Juli 08 )

....Entraînement final...

M4

Vum 21. bis den 25.Juli sin ech zu Hyères an mengem leschten Segeltraining virun den oympesche Spiller

P7240041

4 Joer hun ech bewosst op main Ziel Olympesch Spiller hin traineiert an konnt et net erwarden weeni et esou wait wier... mee elo as et awer e ganzt komescht an onheemlecht, onbeschreiwlecht Gefill fir ze soen: main leschten Training an dann geet et "LASS A CHINA"

M6

Net dass ech net gudd virbereed wier, Angscht hät, Zweifel oder soss eppes... NEE NEE sou as et net, mengen et as einfach well et no sou langem warden an Joeren Training ob emol souwait as an alles ganz schnell geet. 4Joer Préparatioun fir 5 Deeg Compétitioun... et as schon e ganzt speziellt Gefill, muss een einfach erliewt hun fir et verstoen ze kennen

R1

Mee elo mol rem zereck zu mengem Training:

Hei zu Hyères hun mir ganz gudd Trainingsbedingungen mat engem thermeschen klenge Wand deen vun Moies 6.00-10.00Auer vum Land op Mier bleisst an duerno ganz offlaut. Daat hescht fir mech a main Trainer Moies frei aus dem Bett kommen fir dass mir all Moies zweschen 7.00 an 8.00Auer eis eischt Trainingséance kennen maachen

P5

Zweschen 12.00 an 13.00Auer huet de Wand gedreint an fängt un sech lues a lues vum Mier op Land ze étableieren, soudass mir rem bei klengem Wand kennen traineieren.

P7240046

??? Wiesou eigentlech just bei klengem Wand traineieren ???

zu Qingdao um Segelolympia Site herschen ganz speziell Wiederbedingungen: ganz liechte Wand 5-10Kniet bei engem zimlech flache Mier( kleng Wellen mat rieseger Wellenfrequenz) an enger starker Wasserstreimung.

Pekin

Muer nom Training lueden ech main Boot op an maan mech op Heemrees, zereck op Letzebuerg. Duerno bleiwen mir nach 6 Deeg Préparatioun doheem aer et dann den 31Juli geint 15.00Auer vum Findel aus a Richtung China-Qingdao geet

qingdao

Publicité
Publicité
Commentaires
Publicité