Canalblog
Editer l'article Suivre ce blog Administration + Créer mon blog
Publicité
LUXEMBOURG SAILING
LUXEMBOURG SAILING
Publicité
LUXEMBOURG SAILING
Derniers commentaires
12 février 2008

11/02/08 Weltmeschterschaft Australien

terrigal9_r1_c1

Ech hun et gepackt, ech sin am 2. Grupp!!!

Wiesou ech elo awer am 2. Grupp sin as ganz komplizeiert ze erklären.

Eng vereinfachste Versioun vun deem ganz komplexen Sujet as:

De Comité de Course an de Jury hun 3 ganz graveierend Fehler gemach, dei rieseg Konsequenzen op 2 Segeler haaten. Op en Norweger an op mech.

freckt_wei_eng_mikimaus_segelen

Ech hun e Protest geint de Comité de Course gemaach an deem ech sie drop opmierksam gemaach hun dass wann Sie hieren Job richteg gemach hätten, dann wier ech am 2. Grupp an de Norweger am 1. Grupp.

Ech hun Appel beim internationalen Jury gemaach, an nodeems ech moies 1 Stonn beim Jury sutz, an owes de Protest weider gang as, huet de Jury mir misse Recht gin an agestoen dass de Comité de Course souwuel de Jury graveierend Fehler gemaach hun. Et waren eigentlech intern Komunikatiounsprobleemer zweschend Jury a Comité de Course, an dovunner huet en Australier profiteiert an guff net disqualifizeiert.

Well de Comité de Course fehler gemach huet, Formfehler waat jo eigentlech net dierwt sin op enger Weltmeschterschaft konnte de Jury den Australier deen de Parcour falsch gefuer as net disqualifizeieren. Well deen gefudelt huet an net disqualifizeiert gouf, sin mir alleguer eng Platz no hannen gerutscht. Doduerch huet mir wei och dem Norweger 1 Punkt gefehlt fir kennen am 2. respektiv am 1. Grupp ze segelen.

Mir hun gewonn, Gerechtegkeet huet gesiegt!!!

Et war hart, lang an as net emmer ganz aggreabel zousech gaang, well fir dass en internationalen heichgradegen Jury, deen sech selwer jugeiert am Protest, zougett dass en Fehler gemach huet...daat muss een als eischt emol an Hand vun Fakten beweisen.

Mir kruuten et hin, an kruuten elo dei Platz zougesprach dei mir eigentlech verdingt haaten wann alles vun Ufank un de richtege verlaaf wier!

Publicité
Publicité
Commentaires
C
ech wousst jo dat den Léifreger Comité de Course besser ass......<br /> jojo...hätt ech hinnen och kënnen soen...trëppelt déem klengen Schmit nët op d'Coque......
Publicité