10 février 2008

10/02/08 Resultater no de Qualifikatiounen / WM

terrigal9_r1_c1

Haut sin mir 3 Manchen gefuer bei deckem Wand, dei eischt Haut de Moien um 9.30Auer. Um 8.30Auer sin mir op Wasser gangen an um 15.30Auer war dei lescht eriwer.

16.30Auer ware mir u Land an hun gespaant op Klassement geward.

Chance hun...dorun gleewen ech zenter Haut net mei.

1 Punkt fehlt mir fir an den 2te Grupp ze kommen, 1 Punkt an ech wier sech mat op Olympia ze kommmen.

Elo leien ech op Rang 106, an domat eischten am 3te Grupp am Natiouneranking op Platz 13! An de kommenden Deeg kann ech net mei ophuelen mee just nach verleieren (normal wann een op Platz 1 vun 52 as)

Ech hun main bescht gemach, mee an deem decke Wand, mat menger Scheller, war net mei dran. Ech hun mech sou gud wei meiglech drop prepareiert mee, 3 Machen pro Daag bei iwer 20Kniet... all Manche dauert 1Stonn20Min -1Stonn30Min do hun ech zum Schluss net mei dei Kraft.

Meng Fanger hun duerch Hänschen geblutt, et as mir rout Farw aus da Hänsch gelaaf, meng Kneien din onheemlech weih... hun alles gemaach an gebass bis zum Schluss.

An daat alles fir dass zum Schluss 1 Punkt fehlt, 1 Punkt just...

Chance daat as e Wuert waat et fir mech net mei get. Pesch haat ech dei lescht Saison genuch, mat menger futtis'er Scheller, duerno en zolitten Virus... eben alles daat huet net dozou baigedroen dass ech optimal prepareiert konnt hei untrieden.

Den eischten Daag am klenge Wand as et super gang, bis dass de Jury mech 2x gepaff huet. Och daat haat ech an menger ganzer Segelkarrière nach nie, na nie wärend 4 Joer!!!

Pesch haat ech es genuch, Chance nach nie!

Haut war ech am eischte Grupp gestart, soudass mir allen 3 Manchen am decke Wand gema hun. Ab 15.00Auer huet de Wand zolid ogeholl an dei aaner Gruppen konnten am klenge Wnad hier lescht Manche fueren!

Meng Platzeierungen vun Haut: 34 / 31 / 32

Egal, geschitt as geschitt!!!

!!!    1 Punkt as 1 Punkt    !!!

Nuecht

Posté par marcschmit à 08:10 - - Commentaires [1] - Permalien [#]


Commentaires sur 10/02/08 Resultater no de Qualifikatiounen / WM

  • Dobei sin ass schon vill...

    ...awer nët alles, ët soll mol ë Letzebuerger Segeler dir daat no maachen....

    Posté par claude, 13 février 2008 à 15:12 | | Répondre
Nouveau commentaire