LUXEMBOURG SAILING

Homepage de Marc Schmit, Luxembourg LASER Sailing

09 février 2008

09/02/08 Weltmeschterschaft Australien

terrigal9_r1_c1

Australien as jo op da Kopp, daat as gewosst, mee dass Wieder hei och op da Kopp as daat wosst ech net!!!

Um 12.10Auer pünktlech sin mir erausgefuer op Wasser. Decken decke Wand, Reen an bedeckten Himmel. Wou mir um Cercle ukomm sin huet et gedonnert, richt eran gereent, onheemlech et huet een keng 20Meter mei wait gesin. No 2 Stonnen am Reen warden huet de Comité de Course eis erem zereck u Land gescheckt. Mir waren zopnaas, et sin dreppsen gefall sou deck wei Kneppelstäng.

Wou mir erem zereck u Land waren hun mir enner Retard 1 gud Stonn misse warden, an dun huet den Comité de Course decideiert dass mir erem ginge rausfueren.

Wou mir um Cercle ukomm sin war erem Wand, decke Wand. Mir sin eng Manche gefuer. Ech war am 3te Grupp, also leschte Start.

Ech konnt Près Boje als 20ten emfueren, Tip Top gefuer fir den decke Wand.

Duerno am 2te Près hun ech duerch e klengen taktesche Fehler iwer 10 Platze verluer.

Konnt als 34ten duerch Arrivée fueren, sin zefridden wann net den klengen Fehler gewiecht wier.

Um 19.15 Auer as eise Grupp duerch Arrivée gangen. Bis dass mir rem zereck am Hafen waren, war 20.10 Auer. Duerno Heem duschen, anescht undin, meng Segelsaachen auswäschen an ophänken, Iesse goen...

Elo wou ech ferdech sin mat schreiwen as genau 22.21 Auer

Sin midd an well just nach an Bett.

Muer hun se den Départ op 9.30 Auer virverluecht, daat hescht fir mech 7.00Auer opstoen Kaffidrenken, Boot opriechten an dann um 8.30 Auer op Wasser goen.

De Comité de Course huet welles fir Muer 3 Manchen ze fueren.

Sou ech maan mech elo schnell an Bett, well Muer muss ech fit sin.

Photoen sin um offiziellen Site enner: http://aus08.laserinternational.org/seniors_photos.html

Posté par marcschmit à 10:37 - Commentaires [1] - Rétroliens [0] - Permalien [#]

Commentaires

ass jo logesch

dat wann Australien op der Kopp ass naass ass! DWaasser léeft jo fun uewen no ënnen....logo

Posté par claude, 13 février 2008 à 15:14

Poster un commentaire







Rétroliens

URL pour faire un rétrolien vers ce message :
http://www.canalblog.com/cf/fe/tb/?bid=343786&pid=7886164

Liens vers des weblogs qui référencent ce message :