Canalblog
Editer l'article Suivre ce blog Administration + Créer mon blog
Publicité
LUXEMBOURG SAILING
LUXEMBOURG SAILING
Publicité
LUXEMBOURG SAILING
Derniers commentaires
7 février 2008

07/02/08 Weltmeschterschaft Australien

terrigal9_r1_c1

!!! Eischten Daag vun de Qualifikatiouen, um Programme stungen 2 Manchen !!!

Haut de Moien huet alles Tip Top ugefang, liecht bedeckten Himmel mee sonneg, ganz klenge Wand (as normal hei fir moies frei) an agreabel Temperaturen.

WaitUnderDarkeningSky

Nom Kaffi hun ech meng Saachen all prepareiert, meng Hänn mat Tape an Ploschteren voll gepäscht, an da Hoffnung dass daat alt minimal de Weih keint dämmen wann heno um Wasser Ecouten sech an Hand aschneiden.

Am Coachbreifing Haut de Moien, wou mai Papp mat mengem Tainer all Daag present as, kruten se matgedeelt dass fir Haut de Metten Starkwand gemellt wier. Mee net nemmen daat och eventuell Donnerwiederen mat ganz starken Böen. D'Wandrichtung sollt ebenfalls vun de Moien op de Metten em 180° dreien.

Naja daat huet sech jo schon alles net esou genial unheieren.

Ech war frei de Moien als eischte Segeler um Site, fir nach e puer Saachen um Boot ze kniwelen...

Duerno sin ech meng "fleet color" siche gang... Giel, also eischte Grupp fir Haut.

d'Sonn huet ellen gedreckt iwer dem Boot opriechten. Main Trainer huet nach e puer Wuert mat mir geschwaat, nach emol daat duerch gang wei mir den heitegen Daag wellen ugoen...

Ech wollt Haut frei erausfueren, fir de Rythmus vun de Wellen, d'Streimung, d'Wandrichtung, d'effet de site, d'Wanddreiher, dei ennerschittlech Pressiounen..., mir eben alles gemitterlech firdrun nach emol unzekucken an mir meng Repèren ze huelen.

Wou ech mai Boot ferdech opgeriecht haat, am garde à vous niewend dem Boot a ganzer Segeltenue stung ze schweesen an wollt eraus fueren, huet de Comité de Course emol en retard à terre geschoss. (de Fändel Apperçu)

FixingThings

Daat hei sin net ech well mir war et vill zevill warm an da Sonn:)

Bon, et as zwar nach net vill Wand mee e waert jo glaisch kommen... also hun ech d'Segeltenu ugehaal an geward.

Aus 10 Minuten sin da 20 gin a.s.w...  an no enger Stonn an 10 Minuten warden, schweesen a menger Tenu... konnte mir dun entlech op Wasser goen.

Am Bootpark war jidereen schon ganz nervös an ugespaant, well daat langt warden mecht een einfach geckeg. (Jidereen huet do seng egen Methoden fir sech net opzedreienen. Entweder Musek lauschteren, um Boot kniwelen, an den Hotel goen, treppelen...) Ech muss dann emmer Distanz hun, also fort vu mengem Boot, irgentwou wou ech alleng sin an keen mech nervt.

Iwermotiveiert hun ech mai Boot geholl an a Richtung mise à l'eau gangen wou et gestaut huet. Kuerz duerno hun ech verstaan wiesou,  d'Hären vun der Joge waren am gang all eenzelt Boot op en neits ze kontrolleieren... super...

Wou se bei mengem ukomm sin huet en Här mat enger daischterer Stemm op Englesch gesoot: Waat as daat doen, daat daerfs du net! Oh nee dei waerte mech dach elo hei net Sch...ssen doen, ech hun naischt  vun der leschte Keier wou mai Boot jogeiert gin as op des Keier verännert. Den Här soot main Elastic vun der bordure wier e Milimeter zewait firum Tacket (ech fueren elo schon 2 Joer mat deem selwechten System vun Elastic a sin op allen Championnater WM, EM, Préolympique China... emmer duerch Joge komm ouni Probleem) Firun 2 Deeg wou main Boot vun deem selwechten Jogeur kontrolleiert gouf war daat nach alles OK, mee Haut net mei. Naja diskuteieren helleft do naischt, ech hun schnell missen e puer Kniet leissen an mir eppes anescht afaalen lossen. Duerno weisen ech him stolz waat ech verännert hun an froen heen op daat dann elo Ok as (ech wollt op Wasser segelen, an zwar dalliiiiii)

Heen huet mam Kapp gewenkt, Jep et as Ok. Du war ech baal lanscht heen, dun rifft ech mech nach emol. Oh nee, waat as dann elo nach. Den Här soot waat deen groen Tape mat da schwarzer Schrefft do ging a mengem Cockpit vum Boot ging maan, um lenken an rechtsen Caisson? Ech soot daat as perseinlech, meng Moto'en, meng Spresch fir mech ze motiveieren, meng perseinlech Texter. Heen huet gemengt daat keint jo awer och Publiciteit sin, ech dierwt daat net do lossen!

Ech sin rosse gin, well daat daerfe sie net, ech kann a main Boot dran schreiwen waat ech well, neirens an der Joge steet eppes doriwer. Nodeems en zweete Jogeur koum deen ech kennen, soot heen mir: pesch se einfach mei no hannen dann as kee Probleem. Bon, wou as do den Ennerscheed? Et as jo an mengem Boot bannendran am Caisson, wou just ech et kann gesin. Net diskuteieren Marc a roueg bleiwen.

P13000611

Endlech konnt ech op Wasser. Mir sin erausgefuer bei Comités Boot. E kleng Près op babord amure, e Virement, an elo AUUUUAAAA meng Hand... elo op tribord amure. Mat da rechtser Hand un der Ecoute daat deed esou weih, hät kenne jaitzen an am leiwsten Ecoute direckt an den Tacket leen. Mee daat notzt alles naischt well heno an da Manche muss ech aus der Hand fueren, also leiwer direckt, dann winnen ech mech och schons un de Weih.

No 5 Minuten Près, heieren ech e Schoss, an de Fändel Apperçu get um Comités Boot eropgezunn (Daat hescht Startverschiebung um Wasser)

De Gros vun de Booter sin awer zereck Richtung Land gefuer... an waat soll daat doen dann elo??? (Startverschiebung u Land daat as de Fändel Apperçu mat dem Fändel H ) Mee hei war nemmen de Apperçu alleng. Ech sin mol bei Startscheff gefuer wei all dei aaner dei keng Ahnung haaten waat elo lass wier, an do sooten se eis mir sollen u Land goen, schnell schnell.

Daat hun mir dun och gemach an iwer dem zereckfueren hun ech den Himmel mol mei genau analiseiert, u Land war alles ganz bewölkt, Luucht as emmer mei zou gang, hannert eis war et schon gud schwarz , bei eis huet nach emmer Sonn geschingt.

Naja daat do gesait esou aus wei wann et hei innerhalb vun enger feierel Stonn zolid ging Donneren mat streimendem Reen.

Et war de Chaos fir u Land ze goen, 160 Laseren, 50 Trainerbooter, alleguer zesummen, een wollt mei schnell sin wei deen anerer...

Duerno Segelen erofhuelen vum Boot an op de Buedem leen fir dass Booter net emgebloosen gin wann et stiermt wärend dem Donnerwieder.

Et huet och net lang gedauert an et as esou komm wei de Meteo'smännchen daat ugekennegt haat.

PICT0001

Reen an Gewitter, de Bootspark war vun engem Moment op deen aneren eidel

Mir waren trotdem nach emmer enner Apperçu + H, soudass mir hun missen warden bis dass de Comité de Course eng Decisioun ging hielen, op mir nach emol erausfueren oder op et ganz eriwer as fir Haut (Apperçu + A)

Et huet gedonnet a gebletzt, an mir hun alleguer irgentwou en Abri gesicht fir net zoppnass ze gin.

PICT0002

Ech hun dun emol schnell profiteiert fir eppes klenges z'iessen

Do hun mir geward a geward... iwer 2 Stonnen an da Hoffnung dass Wiederlag ging besser gin, waat dun och geschitt as. Et huet just nach all 5 Minuten gebletzt a gedonnert an de Reen an de starke Wand hun nogeloos.

Duerno huet et erem getuut, an de Comité de Course huet annonceiert dass et eriwer wier fir Haut. Des Gewitterfront wier elo baal lanscht mee dei nächst wier ennerwee a ging an 45-50 Minuten hei antreffen mat nach mei Reen an Donnerwieder an deem ganzen TRALALAAA

Mir hun eis Saachen gepackt, d'Boot ganz ofgeriecht an zereck an den Hotel gefuer.

Fir Muer sin dofir 3 Manche virgesin fir de retard vun Haut kennen opzehuelen.

Bei eis as et elo 17:36Auer, an sait 14.00 Auer reent, donnert a bletz et hei ouni Enn. Et Schett mat Emeren.

Mee daat as esou wann een eng Sportart am Frai'en praktizeiert wou een vun de Naturgewalten ofhängeg as.

An allem Negativen as irgentwou eppes Positves (ech hun zwar missen lang sichen fir iwerhabt eppes ze fannen) mee sou hun meng Fanger een Daag mei Zait fir bessen kennen ze heelen:)

Muer as en neien Daag mat neien, besseren Konditiouen (hoffen ech emol).

De Link op den offizielle Site as: http://events.laserinternational.org/en/events/reports/100z10

Publicité
Publicité
Commentaires
Publicité