03/02/08 Weltmeschterschaft Australien
Den heitegen Daag huet sou ugefaang wei en och op en Enn gangen as: Reen Reen Reen, dompesch warm...
Nemme gud dass mir en Auto hun fir net permanent mussen duerch de Reen ze laafen. Hei mai Papp deen eis ganz secher duerch de Lenksverkeier hei an Australien kutscheiert
Hei as dei Platz wou mir moies emmer kucken gin op schon Wand as, wei d'Stärkt as, de Wellegang...
Ab Haut hänken och schon Fändelen um Site, as alles mat Gitteren ofgespart...
An esou gesait de Site elo schon aus...sie schaffen drun...:)
2 Kontaineren, 1 Verkaafszelt, e Bootpark...an daat war et dann awer schon erem
Hei as d'mise à l'eau fir eroof op d'Plage ze kommen
Hei erem dei berühmte Wellen op da Plage, as emmer gut wann een zu 2 as fir Boot eran an eraus ze huelen
Hei sin ech beim d'Boot an Wasser lossen
An da Sortie vun der Bucht sin rieseg Wellen dei sech iwerschloen, do muss een richteg oppassen fir net matgerappt ze gin
Hei e puer Photoen
An dese Wellen hun Haut 8 Segeler hiere Mast gebrach an d'Segel zerappt well sie gekippt sin well d'Well sech iwer sie iwerschlo huet an de Mast op de Grond koum
An hei sin Photoen wou ech erem zerech an d'Bucht fueren, wärend dem Training konnte mir Haut keng Photoen maan well...
d'Motoboot vum Trainer Haut en Panne gefall as, wiesou daat dann? Well Geschter irgenteen an den Aussenbordmoto vun eisem Motoboot gerannt as, de Kapot as futti an den An- an Ausgang vun de Benzinsleitungen as ofgerappt.
Elo mussen ma kucken fir dei futti's Stecker Muer de Moien bei Sydney an d'Geigent kafen ze goen. Mat desem neien Probleem waren mir de ganze Nometten beschäftegt, daat richtegt Geschier ze fannen fir alles ofzemonteieren, am Internet en YAMAHAhändler hei an da Geigent vun Terrigal ze fannen... Haut as Sonden an all Geschäfter sin zou...
Naja dofir sin ech Haut och besse mei speit drun mat mengem Daagesbericht