Canalblog
Editer l'article Suivre ce blog Administration + Créer mon blog
Publicité
LUXEMBOURG SAILING
LUXEMBOURG SAILING
Publicité
LUXEMBOURG SAILING
Derniers commentaires
2 février 2008

02/02/08 Weltmeschterschaft Australien

terrigal9_r1_c1

Haut war sou en tüppechen perfecten Summerdaag fir all d'net Segeler hei zu Terrigal. Mat Temperaturen vun 34°C, dreckender Sonn, bloem Himmel, a weineg Wand konnte mir Haut net ganz vill maan, ausser eis vun Kapp bis Fous mat Sonnecrème areiwen:)

Weineg Wand (3-5Kniet) hescht awer net dass mir u Land bleiwen. Quasi jidereen as Haut erausgefuer fir ze traineieren, mee net all ze lang well no 1 an 1/2 Stonn de Wand total oofgeflaut as.

Well Geschter sou Starkwand war haaten mir Haut nach emmer e recht Wellen (zweschent 1-2Meter heisch) mat enger ganz langer Wellefrequenz.

Daat as schon komesch bei 0 Wand sou e starke Wellegang ze hun. Dobai koum nach eng Wasserstreimung vun 18Meter pro Minute dei och net grad dozou bai gedroen huet dass mir mei schnell sollte vu Fleck kommen. d'Streimung koum aus südwestlech Richtung, de Wand vun Süd-Osten.

Wou de Wand bis ganz ofgeflaut war, war et quasi onmeiglech fir erem zereck an den Hafen ze kommen, mee dofir hun mir jo eis Traineren dei eis mam Motoboot kennen eranzeihen.

Fir Boot firum Training an Wasser ze kreien war schon net einfach mat den heigen Wellen, mee fir u Land ze goen, aus dem Wasser eraus mam Boor op da Remorque...daat as guer net sou evident.

Wann een net de richtegen Moment ofward a mam Boot wait genuch am Wasser stoen bleiwt, rappt dei eischt Well de Segeler, Boot mat da Remorque alles mat, iwerschleit sech...an waat dovun iwerech bleiwt lait dann um Strand. Meschtens as daat e gebrauchen Mast, e futtis't Segel, eng geschreipten Lasercoque an een sandbeschmierten Segeler do niewt.

Am beschten as et fir mat da Well, direckt mam Boot op da Remorque mat eraus zelaafen fir dass een nemmen nach am kneideiwen Wasser as wann dei nächst Well sech hannendrun iwerschleit. Net ze frei, mee och net ze speit soss geet et schief aus.

Duerno sin ech fir mech vun deem net sou amusanten Trainingsdaag ofzereageieren, an och fir en Kraftasatz am Daag gehaat ze hun schwammen gang. Fir iwerhabt am Mier eran zekommen fir kennen Schwammen ze goen, huet een missen duerch all Well duerchtauchen well dei een soss erem Meteren zereck geschmass huet.

Och Haut war et erem gud dass ech en Wasserdichten Photoapparat hun

P2020003

Publicité
Publicité
Commentaires
Publicité