Canalblog
Editer l'article Suivre ce blog Administration + Créer mon blog
Publicité
LUXEMBOURG SAILING
LUXEMBOURG SAILING
Publicité
LUXEMBOURG SAILING
Derniers commentaires
1 février 2008

01/02/08 Weltmeschterschaft Autralien

terrigal9_r1_c1

Summer: Sonn, bloen Himmel, klenge Wand, warm Temperaturen, blo't Mier... och hei an Australien sin Wiederkonditiounen net all Daag esou.

Haut huet een mol keng Sonnecrème gebraucht, mee eischter eng gud wasserdicht Jacket mat enger grousser Kapputz.

Sait Gescht den Owend donnert, bletzt a reent et hei gewallteg. Trotzdem haate mir dei grouss Chance dass et Haut de Moien just nach gereent huet, bedeckten Himmel war, decke Wand (war eng Stuermmeldung erausgang fir eis Geigent), mee et net mei gebletzt huet.

Mir hun Wand, waat welle mir mei? Nass a kaal gin mir souwiesou dobaussen um Mier, wann net duerch de Reen dann duerch Wellen dei engem iwer de Kapp spretzen.

Nom Kaffi, normale Programme: Fitnesstraining, awer e liechten Training well de Metten vill Wand as.

Iessen, Boot opriechten, an Segeltenue schlüpfen (dei nach pletsch naas war well se an der Nuecht net gedrechent as) an raus op Wasser.

Um Wasser hun alleguer Segeler sech zesummen fonnt fir kollektiv Machen zefueren. Quasi sou wei an da Régate herno.

P2010031

Ech sin deen 2ten vun rechts gekuckt, vum mettelsten Groupe wou dei 4 Laseren beieneen sin. den LUX 189511 am Segel gesait een net daitlech weinst dem Reen

P2010032

Hei gesait een nemmen nach Segel (2t)en vu rechts

P2010036

No engem Fehlstart kennt jidereen erem zereck, et get sech fresch regroupeiert an virun geet et. Wichteg as et fir net vill Zait ze verleieren well mir soss kaal gin.

P2010037

Mir sin all keiers mat Départ au Lièvre gestart an dann 20 Minuten Près, Près Boje emfueren an Reckewand eroof op dei nächst Boje. Duerno erem fresche Start et ainsi de suite...

P2010039

Nemme gud dass ech en Wasserdichten Photoappart hun:)

P2010049

P2010057

P2010050

Leider as de gros vun de Photoen naischt gin, verwackelt, verschwommen oder et war eng deck Drepps Wasser um Objektiv

P2010044

Zum Schluss vum Daag as de Wand vun 28Kniet op 22 ofgeflaut, an et war besse mei agreabel ze segelen

P2010047

An esou hun meng Hänn nom Segelen ausgesin. Opwuel ech ganz performant Segelhänschen unhaat sin opgefueren Bloderen net ze vermeiden...AUAAAA

P2010076P2010077

Daat as beim Segelsport nun mol eben esou, hoffen just dass de gros bis Muer verheelt as

Publicité
Publicité
Commentaires
Publicité