31/01/08 Weltmeschterschaft Australien
Haut war en normalen Trainingsdaag, moies nom Kaffi an de Fitness, duerno Iessen an mettes op Wasser traineieren goen.
A propos Valisen, Fransousen vermessen der och nach emmer, sou dass verschiddener aus hierer Equipe na net traineieren konnten.
----------------------------------------------------------------------------
Bei mengem Pap as et Haut de 6ten Daag wou heen ouni Valisen as. Nemme gut dass heen zu Letz keng Platz mei a senger Valise haat, well ech wollt him eigentlech en Deel vu menge Segelsaachen matgin fir dass ech keen Iwergewiecht hät.
----------------------------------------------------------------------------
Fir keng Fahlen an main neit Segel ze kreien zeihen ech et all Owes ganz vum Mast eroof an fahlen et mat de Laaten dran op sech selwer op. Dofir verleieren ech awer moies em sou mei Zait:)
Bôme vum Laser eegent sech och perfekt als Wäschlenkt fir mai nassen Néoprène, Lycra, Schwimmveste opzehänken an ze drechnen
Duerno sin nach 5Minuten Zait bliwen fir kuerz mam Fransous Felix Pruvot ze schwetzen äer mir zesummen eraus traineieren gefuer sin.
Mam Boot Mise à l'eau eroof...
Safran eran, Dérive eran a lass geet et
Haut haate ma nemmen Schwachwand vun 6-7Kniet, as awer duer gang fir de ganze Nometten traineieren ze kennen
Ech profiteieren op deser Platz awer fir all deene Leit MERCI ze soen dei hannert mir stin, dei mech ennerstetzen, dei mir mailen, sms'en, u mech denken an mir Daumen drecken dass ech hei meng Qualifikatioun packen. Villmols MERCI
Mam décalage horaire as et net emmer einfach sech ze mellen an a Kontakt ze bleiwen
Merci u meng Famille, Frendin, Kollegen, YCL, COSL an alleguer dei aaner dei hannendrun stin