09 septembre 2007
Training Hyères (04-08 September 07)
No der Remise des Prix vum Letz. Championnat hun ech mech schnell Heem gemach fir mai Camper ze prépareieren well Meindes Moies sollt ech schon erem an den Training op Hyères fueren.
Owes geint 12.00Auer haat ech alles am Camper gelueden waat ech fir eng Woch Training sou brauch. Just 7 Stonne mei speit huet de Wecker geschellt an et as lass gang. 11Stonne Camper fueren vun Letz. op Hyères. Meindes Owes geint 7 Auer sin ech am Süden ukomm.
Denschtes Moies war meng eischt Trainings Séance. Well awer Mistral war (Nordwand mat spetzten vun 55Kniet hun mir missen u Land bleiwen)
Sou haat ech besse mei Zait fir mai Boot ze prépareieren.
Geint Metteg haat de Wand sech besse geluecht an mir konnten rausfueren.
All Daag stung zimlech daat selwecht um Programm: Moies Séance vun 10-12Auer mat 8-12Kniet Wand.
Mettes Séance vun 13.00-17.15Auer bei 15-30Kniet Wand.
Daat sin iwer 6 Stonnen Training pro Daag!!! As net weineg:)
Dese Rythmus vun Denschtes bis Samstes, eieieiei daat deet gud an de Been!!!!
Commentaires
Poster un commentaire
Rétroliens
URL pour faire un rétrolien vers ce message :
http://www.canalblog.com/cf/fe/tb/?bid=343786&pid=6153468
Liens vers des weblogs qui référencent ce message :












