Championnat National Laser 2007
Um Weekend vum 1 an 2 September gouf um Stausei den Championnat national et international Laser & Laser Radial ofgehaalen.
Leider waren dest Joer nach manner Laseristen um Start wei dei Joeren firdrun. Leider konnten Fransousen dei Daitsch an Belge net kommen well Zaitglaisch zum Letzebuerger Championnat eng international Regate an der Geigent war:(
Samstes konnten 4 Manchen gesegelt gin, soudass de Championnat schon valideiert war. Um Start waren 5 Laser Standard Segeler an 2 Laser Radial Segeler.
Leider huet de Karl-Otto eis schon no der eischter Manche verloos, nodeems heen iwer der Startline gestart war an net zweschent den 2 Bouéen, gouf heen als DNS klasseiert. Dorops hin huet heen Motivatioun verluer an einfach opgin. Schued!
Ech konnt Samstes dei 4 Manche gewannen an haat mir den Titel schon baal gesechert.
Sondes sin nach emol 2 Manchen gestart gin, mee leider ze frei fir verschiddener.
De Comité de Course wollt pünktlech starten: 11.00Auer. Jidereen war op da Base, mee keen haat sou richteg loscht opzeriechten, soudass mir vun 10-11Auer op da Base ronderem gedriepst sin...
Um 11.00Auer huet de Comité de Course ugeschoss, jidereen huet op emol gestresst. Dorops hin huet de Comité de Course e Retard geschoss an nach emol 10Minuten Zait gin. Um 11.15Auer guff dun dei eischt Manche fir Sondes ugeschoss. Ech haat mai Boot an 5 Minuten opgeriecht, de Fernand an de Mauro och. Dei aaner koumen leider ze speit:(
Nächste keier musse mir eischter Ufänke mat opriechten.
Sondes konnt ech weiderhin dei 2 lescht Manchen gewannen sou dass ech mat engem properen Klassement vun nemmen 1,1,1,1,1,1Platzen de Nationale Championnat gewonn hun.
De Fernand Thiel huet bei de Laser Radial'en gewonn, Punkteglaisch mam Laure Stein waat Sondes net mei un den Départ gang as.