24 août 2007

Cérémonie de Clôture

Schon geint 18.05 Auer hun all Flag holder'en missen prett an der Entrée vum Hotel stoen fir per Busnavette an Qingdao University gefouert ze gin wou Haut den Owend Cérémonie de Clôture stattfonnt huet.

P8240035

Sou wei bei all Busnavette as emmer eng Police escorte dobi fir mei schnell duerch den stockende Verkeier ze kommen. Fir eis Europäer e bessen ongewinnt wann en Busconvoi op emol op enger 6 spuereger Stroos ganz lenks als Geschterfuerer zweschend den Auto'en erduerch fiert. Mir am Bus hun eis net emmer sou ganz secher gefillt mee et alles riecht ausgang an mir konnten pünktlech, gesond an monter de Bus firun der Sportshaal vun der Qingdao University verloosen.

Duerno hun mir mol rem misse warden, wann net op de Wand dann weinst irgent eppes anescht:) Anschliessend as et emmer nemmen Trape roof an de Keller gang wou all Flag holder sain Nationale Fändel iwerrescht krut. De Fändel war mei lang wei mir grous waren (emmerhin 2x2 meter) soudass mir hun missen extrem oppassen fir net selwer op eisen oder op deem vun firun eis sain Fändel ze treppelen...

P8120016

Keen wosst genau waat ging op eis duer kommen an sou hun mir erem an der Ongewessheet misse warden... Zait as vergangen an op emol huet alles misse ganz schnell goen, Trape rop, schnell schnell, dei eng lenks duerch e Gang dei aaner rechts... firun allem emol schnell an aer mir eis emsin haaten stunge mir schon op da Bühn.

Eng riese Bühn, iwerall Spotten, Luuten, Camera'en, honnerte Leit dei eis ugejubelt hun... an an der Mett vun der Bühn e Sänger. Mir hun dun einfach mol spontan mat de Fändelen gewackelt an mat op Musek gedanzt. (Zuschauer hun eis gesoot dass daat ganz flott ausgesin hät, richteg wei wann daat ageprouwt gewiercht wier)

P8240041

Nodeems Lidd eriwer war hun mir Bühn dann och erem misse verlossen an goufen op eis VIP Platze begleed. Duerno gouf eis en riese Spektakel offreiert mat ganz bekannte chinesesche Sänger an Sängerinnen, Medaillisten goufen op Bühn geruff an kruut geweils zu hierer Medaille nach e Cadeau.

P8240032

Einfach nemmen eng gigantesch Ofschlossfeier vun engem ganz flotten Championnat.

Fir mech war et eng riesen Eiher fir de letzebuergesche Fändel op esou engem wichtegen an international unerkannte Event als enzege Letzebuerger kennen ze vertrieden.

P8240049

Ech kann nemme soen: Sou professionel wei Chinesen hun dest Sportevent rugang sin, sou perfect hun se och hier Ofschlossfeier ofgehaal. Hei war un alles geduecht mat Pyrotechnik, Sound an Luuteneffekter hun sie Leit matgerappt.

Vun 19.30 bis 21.15Auer war nonstop Attraktioun.

Duerno sin mir selwecht wei fir dohin mat dem Busconvoi erem bis firun Dier vum Hotel gefouert gin.

Muer de Moien Fleien mir zereck op Parais, den Thierry da weider op Marseille an ech op Letz.

Posté par marcschmit à 17:22 - - Commentaires [1] - Permalien [#]


Commentaires sur Cérémonie de Clôture

  • After read blog topic's related post now I feel my research is almost completed. happy to see that.Thanks to share this brilliant matter.

    Posté par Book Report, 04 octobre 2010 à 09:57 | | Répondre
Nouveau commentaire