Canalblog
Editer l'article Suivre ce blog Administration + Créer mon blog
Publicité
LUXEMBOURG SAILING
LUXEMBOURG SAILING
Publicité
LUXEMBOURG SAILING
Derniers commentaires
22 août 2007

Qingdao International Regatta

Standard Kasse (olympesche solitaire fir Männer) sin 36 Natioune vertrueden. D'selwecht wei 2008 op den olympesche Spiller huet all Land recht nemmen 1 Segeler pro Bootsklasse ze stellen, soudass en Teamracing ausgeschloss ka gin.

Sait dem 10 August sin ech an main Trainer hei zu Qinagdao an China fir un der Qingdao international regatta deel ze huelen. Dest as de leschten test event firun den olympesche Spiller hei a China. An da Laser

P8120021

Sait dem 16August sin Compétitiounen am gang, 10 Manchen goufen bis Haut gesegelt. Generalklassement steet nach net fest well Muer nach Top 10 eng Manche segelen. Fir all dei aaner as de Championnat Haut op en Enn gang.

Ech kann e ganz positiven Billan vun deser Regate zeihen, eng 27 Platz vun 36 as fir e klengt Land ewei Letzebuerg emol guer net sou schlecht. Mat ganz bescheidenen Mettelen sin mir hei un den Départ. Mai Trainer an ech vertrieden als eenzeg Letzebuerg un desem Testevent.

P8220006

Soumat sin ech net nemmen Athlete, me och nach Team Leader, Team Manager... an hun niewend mengem hapt Job: Segelen, gut Resultater ze brengen, och nach all Dag e ganze koup Team Leaders Meeting'en, Briefingen, all imprevu'en ze leisen... och nach e grousse Batz arbescht niewendrun, soudass warend den Trainingsdeeg heinsto segelen souguer baal ze kuerz koum.

P8170118

All aner Natioun huet e riese Staff dobai, fir hieren Athleten dei ganz Arbesch ronderem ofzehuelen, fir dass sie sech kennen voll a ganz op de sportlechen Deel kenne konzentreieren.

Ech muss bis elo soen, dass ech all imprevu nach geleisst krut, Deeg oft lang a stresseg waren, mee fir mech as daat en Chalenge an eng riesen Erfahrung mei. Sou hun ech och konnten all dei offiziell kenne leieren op den Team Leader's Meetingen an Kontakter knäppen.

Vum segelerechen hier gesin war et ustrengend well mir wärend deene 2 leschte Woche quasi kee wand haten. Oft sutze mir Stonnen a Stonnen enner Startverschienung un Land  ze warden fir dann geint 17.00Auer matgedeelt ze kreien: et as ofgesoot!

P8150094

Oder mir sin erausgescheckt gin op Mier, fir 2 Stonnen dobaussen op Wand ze warden, dann erem Startverschiebung u Land. Jidereen as erem zereck gezunn gin vun sengem Trainerboot. E puer stonnen duerno erem raus gescheckt ze gin, eng Manche ze starten dei dann awer rem ofgeschoss gin as weinst ze weineg Wand. Startverschiebung um Wasser bis dass de Comité de Course decideiert huet alles ofzesoen. Vun Moies 10.45Auer um Wasser bis Owes 17.00Auer fir keng Manche gesegelt ze sin.

P8170124

Trotzdem hun ech mech enner deenen Weltbeschten super geschloen, den eischten Daag direckt sin ech meng beschte Manche gefuer: 10Platz, firum Weltmeschter Tom Slingsby. Mei wei 3/4 vun den Segeler dei hei un den Depart gang sin hun olympia Erfahrung, sie segelen schon sait minimum 10Joer op internationalem Niveau, waat een vun mir net kann behapten.

P8220005

Als Schluss kann ech nemmen soen, dass ech nach 1 Joer Zait hun bis Olympia 2008 fir mai Segelstyle ze verfeineren, a wann alles sou klappt wei ech mir daat firstellen dann dierft och am Februar an Australien zu Terrigal Qualifikatioun fir olymesch Spiller kee greissere Probleem duerstellen.

P8220002

Publicité
Publicité
Commentaires
Publicité